Camille Dimmer | |
---|---|
Ekipp déi den 30. Oktober 1963 zu Rotterdam géint Holland 2-1 gewonnen huet. Uewe v.l.n.r. J. Fiedler, B. Konter, E.Brenner, J.Hoffstetter, F. Brosius, N.Schmitt Ënne v.l.n.r. B.Klein, J. Klein, C. Dimmer, A. Schmit, L.Pilot | |
Gebuer |
20. Abrëll 1939 Klierf |
Gestuerwen | 20. September 2023 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller, Ingenieur, Politiker |
Veräin/Ekipp |
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp, Red Boys Déifferdeng |
Partei | CSV |
De Camille Dimmer, gebuer den 20. Abrëll 1939 zu Klierf, a gestuerwen den 20. September 2023[1], war e lëtzebuergeschen Ingenieur, Foussballspiller, Politiker (CSV) an Naturschützer.
Hie war Grënnungsmember vu Pro Familia a vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur, där hire President hie vun 1982 bis 1997 war.